Den Ament sinn et der 101An den nächste Jore kéinten nach 11 zousätzlech Apdikten hir Dieren opmaachen

RTL Lëtzebuerg
Dëst well d‘Zuel vun den Apdikten un déi vun der Populatioun ugepasst gëtt an déi an de leschte Joren ëmmer weider an d‘Luucht gaangen ass.

Konkret dierft et 121 Apdikten hei am Land ginn. Aktuell ginn et der awer just 101.

9 maache geschwënn hir Dieren op oder sinn an der Prozedur, geschaaft ze ginn. Deemno kéinten der nach 11 derbäi kommen.

Dëst ass aus enger Äntwert vun der Ressort-Ministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo ervirgaangen.

Back to Top
CIM LOGO