BeetebuergAn der Gemeng bleift et bei enger Koalitioun aus CSV, DP a Gréng

RTL Lëtzebuerg
Meeschtgewielte war u sech den LSAP-Gemengeconseiller Roby Biwer.

Zu Beetebuerg soll et sou weidergoen wéi bis elo, also an enger Koalitioun vun CSV, DP an déi Gréng. Dat confirméiert den CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet a seet, et hätt een e prinzipiellen Accord zu drëtt fonnt.

An der Südgemeng war e Sonndeg awer eigentlech den LSAP-Gemengeconseiller Roby Biwer mat ronn 40 Stëmme liicht virum Gemengepapp Zeimet. D’LSAP ass och mat 36,8 Prozent vun de Stëmmen däitlech virun enger CSV mat 29,1 Prozent.

D’LSAP, d’CSV an déi Gréng haten um Walsonndeg allen 3 liicht Prozentpunkten verluer, just d’DP an d’ADR konnten hire Score verbesseren. Et bleift also beim Alen: An der Majoritéit CSV, déi Liberal an déi Gréng mat zesummen 8 Sëtz. An der Oppositioun d’LSAP an d’ADR mat zesumme 7 Sëtz.

Back to Top
CIM LOGO