
Uechter d'Land kënnen 2-4cm Neischnéi eroffalen, am Éislek esouguer bis zu 7cm. Plazeweis kann et e Méindeg de Moien nawell gutt glat sinn, et heescht also opgepasst.

E Méindeg sinn iwwert den Dag nach vereenzelt Wolleke gemellt, och liichte Schnéireen kann erofkommen. D'Temperature bleiwen niddreg bei 0 bis 3 Grad an der Stad a bis zu 5 Grad un der Musel.
An der Nuecht op en Dënschdeg bleift et kill mat Temperature vu -1 bis -3 Grad, am Éislek kann et deels nach weider schneien.