
Um "Tawioun", dem Streech tëscht dem Cents an dem Neiduerf, ware virun enger Rei Méint nëmmen déi grouss Beem erausgeholl ginn, well déi ze schwéier wieren, sou d’Explikatioun. Hei bleift plazeweis, guer näischt stoen.
Et ass eng Kooperatioun Stad Lëtzebuerg an Administration de l’Environnement an et gëtt op en Neits op Spezialisten aus Däitschland zréckgegraff, deenen hiert Material och an den Alpen am Asaz ass.
Um Sonndeg sollt ee fäerdeg mat den Aarbechte ginn, eng nächst Etapp stéing géint Enn vum Joer um Programm, sou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.