
Doropshin hunn d'Beamten decidéiert, d'Persounen ze kontrolléieren, déi haten dunn och probéiert, fortzelafen, ma wäit si se allerdéngs net komm.
Wéi sech herno erausgestallt huet, haten déi dräi Persoune Kugele mat Droge geschléckt. Déi 3 presuméiert Bodypacker goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.