Wocheréckbléck vun der SantéAn der Woch vum 10. bis 16. Januar méi Neiinfektiounen, awer manner Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
An der drëtter Januar-Woch waren op ronn 37.800 PCR-Tester, der 11.700 positiv. Dat ass e Plus vun 8 Prozent zu der viregter Woch.

Am Verglach mat der Woch virdru geet de Positivitéitstaux domat vun 29,5 op 31,02 Prozent erop. Dat geet aus dem Wocheréckbléck vun der Santé ervir, deen en Donneschdeg de Moie matgedeelt gouf. Logescherweis ass d’Zuel vu Leit, déi an Isolement gesat goufen, och an d’Luucht gaangen, vu ronn 14.700 op 22.625. 8.787 Leit waren a Quarantän. Dat ass eng massiv Hausse vun 144 Prozent am Verglach mat der Woch virdrun.Op eng Woch gekuckt, ass den Duerchschnëttsalter vun den infizéierte Leit vun 31 op 28 Joer erofgaangen. D’Zuel vun den Hospitalisatiounen ass quasi stabel bliwwen. Mä och hei geet den Duerchschnëttsalter erof op elo 48 Joer.D’Zuel vun Doudegen ass och erofgaangen. An der Woch vum 10. bis de 16. Januar si 7 Mënschen un de Suitte vu Covid-19 gestuerwen, iwwerdeems et d’Woch virdrun nach 13 Covid-Doudeger gouf.Bei de Kontaminatioune wier et en Vue vun de villen Infektioune schwéier ze soen, wou sech am meeschten ugestach gëtt. An der Famill gëtt sech der Santé no nach am meeschten infizéiert mat 24,2 Prozent, dono komme Reesen (6,6%) an op der schaff (3,6%). A 57,7 Prozent vun de Fäll wier keng genee Source auszemaachen.

Wat d’Educatioun betrëfft, do ware vum 10. bis de 16. Januar 34 Schoulklasse betraff, dorënner 22 aus dem Fondamental a 5 Lycéeën, déi am Zenario 4 ware mat iwwer 5 Fäll bannent enger Klass.

D'7-Deeg-Inzidenz zu Lëtzebuerg ass vun 1.682 op 1.848 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner geklommen.
En grouss Hausse gouf et an der Alterskategorie tëscht 0 a 14 Joer, do ass et e Plus vu 77 Prozent. Bei de Persounen tëscht 30 a 44 Joer sinn et zum Beispill just 10 Prozent, bei deenen iwwer 75 Joer 9 Prozent.

D’Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser vun de Kläranlagen ass nach ëmmer héich an zwar um Niveau vum Oktober 2020.

PDF: De Rapport vum 20.1.2022

Back to Top
CIM LOGO