“All d’international Organisatioune soen eis, datt et éischter elo wäert méi schlecht goen, mir steiere villäicht an eng Rezessioun hin, fir do esou eppes ze ënnerhuelen, wat trotzdeem de Staat géif ganz deier kaschten, wär vu mengem Point de Vue net responsabel”, sou d’Finanzministesch Yuriko Backes am RTL-Interview.
Dofir schafft d’Finanzministesch den Ament un enger klenger Reform, fir besonnesch déi Leit z’ënnerstëtzen, déi et den Ament net einfach hunn, béid Enner zesummenzebréngen. Dat mat cibléierte Mesuren. Nom ënner aneren dem Crédit d’impôt Energie solle weider Moossname kommen. Zu Gonschte vun zum Beispill Monoparentaux. A puncto Logement gëtt un der Grondsteier-Reform geschafft. Da kéint e bëssche mat den TVA-Tauxe gespillt ginn. Erneierbar Energië solle weider ënnerstëtzt ginn.
Iwwer kuerzfristeg Adaptatiounen eraus bleift awer eng grouss Fro am Raum: wéi kënne mer den aktuelle Steiersystem moderniséieren?
“Dofir fir mech eng Individualiséierung vun der Besteierung, dat ass eppes wat fir mech, och fir meng Partei ganz wichteg ass”, sou d’Yuriko Backes. Dat wier de richtege Wee. Och wann dat net esou einfach direkt ëmzesetze wier.
Eng eenzeg Steierklass wier och eng Pist. Ma do géif een och an der Gesellschaft e Konsens brauchen, datt ee wëll op dee Wee goen. Do géif ee vum Model ewechgoen, wou d’bestuete Koppelen d’Referenz wieren. Ee geet schaffen, deen anere kuckt no de Kanner. Wat de Realitéite vun haut net méi entsprieche géif.
“Ech fannen och, datt an esou engem System d’Fraen op d’Dauer benodeelegt ginn. Well wann de Partner stierft oder wann et en Divorce ass, dat ass fir d’Fra dann net onbedéngt einfach ze geréieren och um finanzielle Plang”, sou d’Ministesch.
Déi aktuell geopolitesch a wirtschaftlech Lag géif awer mat sech bréngen, datt den Ament d’Zäit feelt, fir am Fong ze kucken, wéi een onse Steiersystem méi gerecht opstelle kann. Dat misst am Dialog lafen. Dat géif een net kuerz virun de Wale maachen. An eeben, doriwwer eraus wiere mer an enger Situatioun, déi Ekonomesch net esou evident wier an dofir misst d’Regierung sech elo op d’Defise vun elo konzentréieren, sou d’Finanzministesch am RTL-Interview.