Keng NationalgalerieAn d'Ex-Nationalbibliothéik kommen 3 Chambere vum Bezierksgeriicht an eng Expo

RTL Lëtzebuerg
Op d'Gebailechkeete vun der fréierer Nationalbibliothéik am Zentrum vun der Stad waart en neit Liewen.
© Archivbild

D'Iddi vun enger Nationalgalerie, déi jo vum Staatsminister Bettel propagéiert gi war, gëtt awer definitiv net zeréckbehalen.

Au contraire: Amplaz datt eng nei kulturell Institutioun soll an d'fréier Gebaier vum Stater Kolléisch eraplënneren, wäerten 3 Chambere vum Stater Bezierksgeriicht an Zukunft nieft der Kathedral siegéieren.

Um Niveau vum Parvis respektiv dem Bannenhaff wäerten awer och Restauranten an Raimlechkeeten fir kulturell Evenementer amenagéiert ginn.

Op Demande vum Educatiounsministère soll an dëse Reim e.a. eng permanent Ausstellung iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch entstoen.

Den entspriechenden  Avant-Projet soll Ugangs d'nächst Joer fäerdeg sinn.

All dës Informatiounen liwweren d'gréng Ministere fir Kultur an ëffentlech Bauten Tanson a Bausch op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

D'Fundamenter vum fréieren Athénée ginn op de fréiere Jesuiten-Collége zeréck, deen Ugangs vum 17ten Joerhonnert gegrënnt gouf.

Back to Top
CIM LOGO