Invité vun der Redaktioun (19. September)Andreas Wagner iwwer d'Kulturhaaptstad 2022

RTL Lëtzebuerg
De General-Coordinateur vun der asbl "Esch 2022" war eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg um 10 op 8.
Invité vun der Redaktioun: Andreas Wagner
De General-Coordinateur vun der asbl "Esch 2022" war eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg um 10 op 8.

Esch wëll Kulturhaaptstad 2022 ginn. Leschte Freide gouf d'Kandidatur agereecht. Eng 300 Reunioune mat Gemengeresponsabelen, fräien Artisten, Associatiounen, an de Bierger aus der Regioun goufen am Virfeld gemaacht, sou de General-Coordinateur vun der asbl Esch 2022, den Andreas Wagner, um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview.

Am Géigesaz zu enger staark kritiséierter éischter Kandidatur läit de Schwéierpunkt am neien Dossier op der Mixitéit vun der Populatioun an der Südregioun. Dat entsprécht der europäescher Dimensioun, déi esou eng Kandidatur muss erfëllen, nieft, ënnert anerem, natierlech dem artisteschen Aspekt, sou den Invité vun der Redaktioun weider.

De Budget gëtt zu 2/3 vum Staat an zu engem Drëttel vun de Gemenge gedroen.

Eng 50 Projete si geplangt, dorënner „Esch sans Alzette“ , wou mat Digitale Moyen a Klang-Installatiounen d'Uelzecht, déi jo praktesch ganz verstoppt ass zu Esch, thematiséiert gëtt.

Wann Esch den Titel Europäesch Kulturhaaptstad kritt, da géif dat eng nei Opmierksamkeet bréngen, déi och der Ekonomie, notamment dem Tourismus zegutt kënnt .

Datt vun 95, an 2007, wéi d'Stad Lëtzebuerg europäesch Kulturhaaptstad war, gefillt, net vill hänke bliwwen ass, erkläert den Andreas Wagner mat de spezifesche Contrainten, déi et deen Ament gouf. 1995 goufen awer vill wichteg Konschtstrukture geschafen, an 2007 war et de grousse Challenge d'Groussregioun an d'Stad Sibiu a Rumänien mat ze koordinéieren.

Wann Esch elo net Kulturhaaptstad 2022 gëtt, dann huet d'Aarbecht awer eppes bruet. Zum Beispill hätt Esch elo déi éischt richteg Kulturstrategie am Land.

Den Andreas Wagner vun der asbl Esch 2022 ass awer optimistesch datt Esch den Titel kritt. Am November fält Decisioun.

De General-Coordinateur vun der asbl "Esch 2022" war eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg um 10 op 8.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO