Wiessel am StaatsministèreAnne Calteux gëtt nei Direktesch vum Service fir Medien, Konnektivitéit an Digitalpolitik

RTL Lëtzebuerg
D'Anne Calteux iwwerhëlt de Poste vun der Anne-Catherine Ries, déi an den Ausseministère wiesselt.
D'Anne Calteux schafft aktuell nach fir d'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg.
© Kevin Kayser

Wéi de Staatsministère e Mëttwoch matdeelt, gëtt et e Wiessel am Service fir Medien, Konnektivitéit an Digitalpolitik. D'Anne-Catherine Ries, déi bis ewell Direktesch vum Service war, wiesselt an den Ausseministère, wou si nei Responsabilitéiten iwwerhuele géing.

D'Anne Calteux, déi aktuell Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, wäert d'Successioun vun der Anne-Catherine Ries, déi 8 Joer d'Direktesch vum Service war, vum 1. Dezember 2026 un iwwerhuelen.

D'Schreiwes vum Staatsministère fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO