
Et goufen Ännerungen am Gesetz iwwert d’Beweegungsfräiheet an d’Immigratioun aus dem Joer 2008 gestëmmt.
Zum Beispill gëtt de Begrëff vun den “raisons impérieuses de securité publique” méi breet gefaasst. E Begrëff ënnert dee besonnesch schro Strofdote falen, wéi zum Beispill Terrorismus, mä och Mënschenhandel, Ausbeutung vu Fraen a Kanner, Drogenhandel oder och nach Waffenhandel.
EU Bierger déi fir eng vun dëse Strofdote verurteelt goufen kënnen aus dem Land ausgewise ginn.
Donieft gëtt en nationaalt Areesverbuet an d’Gesetz geschriwwen a kloer festgeluecht ënnert wéi enge Konditiounen de Minister dat kann ausschwätzen.