StatecAnnuellen Inflatiounstaux louch am Mäerz bei 6,1 Prozent

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Inflatiounszuele sinn do: laut Statec louch d’Präisdeierecht am Mäerz op ee Joer gekuckt bei 6,1 Prozent.
© AFP

Dat ass liicht manner ewéi de Mount virdrun (6,6 Prozent am Februar) a méi niddreg ewéi d’Moyenne an der Eurozon. Par konter läit se däitlech iwwer den 2 Prozent, déi d’europäesch Zentralbank upeilt.

D’Evolutioun vun der Präisdeierecht léist eng nei Indextranche fir den 1. Abrëll aus, wéi de Statec e Freideg confirméiert.

Virun allem bei den Energiepräisser war am leschte Mount nees eng däitlech Hausse ze spieren. D’Präisser fir den Diesel sinn am Mäerz nach emol ëm 15,4 Prozent am Verglach zum Mount virdru geklommen, beim Bensinn war et eng Hausse vun 9,2 Prozent. De Masutt ass iwwerdeems ëm 22,1 Prozent geklommen. Am Verglach zum Mäerz 2021 sinn d’Präisser op der Pompel ëm 56,9 Prozent geklommen.

Och d’Präisser fir Liewensmëttel klamme weider. Am Verglach zum Februar war et am Mäerz eng Hausse vun 1,2 Prozent. Nuddelen a Couscous sinn ëm 4,5 Prozent méi deier ginn, beim Fleesch war et eng Hausse vun 2,1 Prozent. Frëscht Geméis ass dogéint ëm 3 Prozent am Präis gefall. am Verglach vum Mäerz 2021 war et leschte Mount eng Hausse vu 4 Prozent bei de Liewensmëttel.

PDF: StatNews N°15 - Le taux annuel d'inflation s'établit à 6.1%

Back to Top
CIM LOGO