Orientéierung verluerApp "GouvAlert.lu" hëlleft, Accident ze lokaliséieren

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch hat eng Automobilistin d'Orientéierung verluer an hat um Site vun enger Firma an der Zone artisanale zu Rëmeleng een Accident.
© CIS Rëmeleng

D'Automobilistin, déi sech verfuer hat, hat um Site vun enger Firma an der Entrée eng Leitplank ze pake kritt. D'Fra am Auto stoung nom Accident ënner Schock, ma hat awer weider keng Blessuren.

D'Automobilistin huet sech nom Accident beim 112 gemellt, ma well si komplett d'Orientéierung verluer hat, konnt si weder Duerf nach Strooss de Rettungsdéngschter matdeelen. D'Zentral vum 112 huet hir iwwer Telefon erkläert, datt si sech d'App "GouvAlert.lu" um Handy soll eroflueden an doriwwer soll uruffen. Doduerch konnt d'Fra lokaliséiert ginn an d'Rettungsdéngschter konnten hir hëllefen.

Op der Plaz war eng Ambulanz vun Esch, d'Permanence vu Rëmeleng an d'Police.

Weider Infoen iwwert d'App fannt Dir am RTL-Artikel vun 2018:

RTL-Artikel (Oktober 2018): "GouvAlert" - CGDIS: Eng App soll an Noutsituatioune méi genee a séier reagéieren

Back to Top
CIM LOGO