Besëtz vu kannerpornografeschem MaterialAppell géint liewenslaangt Verbuet vun ëffentlechem Déngscht

RTL Lëtzebuerg
Am Mee war e suspendéierte Schoulmeeschter vun Useldeng um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer mat Sursis probatoire veruerteelt ginn.

D’Oplo fir de Mann, dee wéinst dem Besëtz vu kannerpornografeschem Material de Prozess gemaach kritt hat, huet an der Behandlung vu sengen Tendenze bestanen.

Dem Ex-Enseignant gouf de Besëtz an d'Consultatioun vun op d'mannst 5.250 Fotoen a 479 sou Filmer reprochéiert. Bei d'Prisongsstrof waren nach eng Geldstrof vu 7.500 Euro, d'Verbuet, fir 10 Joer laang Kontakt mat Mannerjäregen ze hunn, an d'liewenslaangt Verbuet, fir am ëffentlechen Déngscht ze schaffen, dobäikomm.

Géint dëse leschte Punkt - an eleng dogéint - hat de Mann Appell gemaach.

Schoulmeeschter vun Useldeng am Appell: Rep. Eric Ewald

An dat, well et dobäi ëm seng berufflech Zukunft goe géif, wéi den haut 38 Joer alen Ugekloten en Dënschdeg op der Cour d'appel an der Stad betount huet. Och wann hie keng Schoul méi hale kéint, kéint hien awer vläicht "Tâchen hannert de Kulissen" erfëllen. Wourënner eng Aarbecht an engem Ministère oder an der Erwuessenebildung ze verstoe wär, sot säin Affekot.

Dem Me Boileau no sollt säi Client net all d'Dieren zougemaach kréien, well hie grouss Fortschrëtter gemaach hätt. No zwee Joer Therapie hätt hie säi Problem nämlech souwäit am Grëff. Dem Mandant seng berufflech Zukunft sollt net op Liewenszäit op d'Spill gesat ginn, och wann hie sech bewosst wär, dass hien déi nächst 10 Joer net méi mat Kanner schaffe kéint. De Mann hätt awer e ganz spezifeschen Diplom, a wann een all Aarbecht am Kontakt mat Mannerjäregen ausschléisse géif, da bléif net méi vill iwwreg, sou säin Affekot, fir deen déi Accessoire-Strof vum liewenslängleche Verbuet, fir an der Fonction publique ze schaffen, sollt annuléiert ginn.

Parquet: Existenz net zerstéieren

E Wee, op deen d'Vertriederin vum Parquet général zum Deel matgoe kéint. Si huet nämlech gemengt, et sollt e Verbuet vu 5 Joer gesprach ginn, wat d'Schaffen am ëffentlechen Déngscht ugeet. Op deem Punkt sollt dat 1. Uerteel deemno effektiv revidéiert ginn. Fir de Rescht wären d'Faiten allerdéngs extrem grave: De Mann hätt sech 10 Joer laang intensiivst mat Kannerpornografie beschäftegt, wat erschreckend wär, well hien als Schoulmeeschter geschafft a Fotoe vu Kanner gekuckt hätt, déi sou al ware wéi seng Schüler. Obwuel hien net méi als Enseignant schaffe sollt, och net mat méi ale Schüler, sollt seng Existenz awer net zerstéiert ginn.

D'Appellsuerteel gëtt den 23. Abrëll gesprach.

Back to Top
CIM LOGO