
Dee Chiffer, deen den Aarbechtsminister virun zwou Chamberkommissioune genannt hat, gëtt vun der Direktioun vum Stolgrupp net confirméiert, well dee Chiffer och net vun ArcelorMittal an d'Welt gesat gi wier.
Wéi et um Freideg geheescht huet, géifen et keng Entloossunge ginn, mee d'Plaze géifen iwwer natierlech Departen a Pre-Retraiten agespuert ginn.
Wéi et an engem Schreiwes vum Stolproduzent heescht, géifen d'Sitte Belval an Déifferdeng net zougemaach ginn, och wier d'Reduktioun vu Plaze keen zentrale Punkt am néidegen Transformatiouns-Projet, deen elo spille géif, fir datt d'Schmelze kompetitiv solle bleiwen.
Spezifesch Sozial-Mesurë wieren dann och keng virgesinn, heescht et vum Responsabele fir déi 8 Lëtzebuerger Sitte Roland Bastian. Parallel zu den natierlechen Departe géifen dann och weider spezialiséiert Leit agestallt ginn.
Iwwert d'Situatioun bei ArcelorMittal stellt den CSV-Deputéierte Marc Spautz iwwerdeem 5 präzis Froen un d'Ministere Kersch a Schneider, notamment déi, op ArcelorMittal formell Engagementer ginn hätt, fir an d'Lëtzebuerger Schmelzen z'investéieren a wat fir d'Ministeren d'Notioun vu "Kris" géif bedeiten.