D'Cour administrative huet en Appell vum Staat als justifizéiert ugesinn. Domat gouf de Recours vum Stolproduzent géint eng Decisioun vum Marco Schank vu Juni 2013 zréckgewisen: Den deemolegen delegéierten Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister hat ArcelorMittal du virgeschriwwen, op Enn Juli bal 81.000 Quotaen Zäregasemissiounen zréckzeginn. Anengems gouf de Recours géint d'Confirmatioun vun där Decisioun vu September 2013 verworf.
Dobäi hat den Tribunal administratif am Juli de Recours vum Stolproduzent als fondéiert ugesinn an engersäits den Arrêté vum Marco Schank an anerersäits d'Confirmatioun vun där Decisioun annuléiert. Fir déi 1. Riichter wär ArcelorMittal zu Onrecht d'Zréckgi vun de bal 81.000 Quotaen Zäregasemissioune virgeschriwwe ginn. Am August hat de Staat Appell géint dat Uerteel gemaach.
Déi zweet Riichter halen an hirem Uerteel fest, den Europäesche Geriichtshaff hätt am Mäerz 2017 decidéiert, dass en einfacht Aussetze vun den Aktivitéite schonn als en Ophale mat den Aktivitéite kéint qualifizéiert ginn. Entgéint deem, wat de Stolproduzent behaapt hätt, wär am Januar 2012 keen Nees-Ophuele vun den Aktivitéiten op der Schëfflenger Schmelz virgesi ginn. An engem Communiqué vun der Regierung wär dovu Rieds gewiescht, dass de provisoreschen Aktivitéitsstopp bis Mäerz 2012 weidergoe géif, d'Ëmweltverwaltung hat awer am Februar 2012 d'Quotaen ausgestallt.
Am Abrëll 2012 hätt ArcelorMittal doriwwer informéiert, dass d'Aussetze vun den Aktivitéite bis op Weideres Bestand hätt, Aktivitéiten, déi ni méi opgeholl goufen. En Aussetze vun den Aktivitéiten ass fir d'Cour administrative u sech eent op onbestëmmten Zäit, wat déi zoustänneg Verwaltung awer eréischt am Abrëll 2012 gesot kritt hätt. Déi zweet Riichter kommen zur Konklusioun, dass de Stolproduzent seng Aktivitéiten op der Schëfflenger Schmelz am Oktober 2011 bis op Weideres ausgesat hat, wat engem komplette Stopp entsprach hätt a wat dem deemolegen delegéierte Minister hätt misse matgedeelt ginn. Dofir wär et falsch, dass déi 1. Riichter den Arrêté vum Marco Schank vu Juni 2013 a seng Confirmatioun vun där Decisioun vu September 2013 annuléiert hunn. Den initiale Recours vun ArcelorMittal wär dowéinst als net fondéiert unzegesinn.
Droits d'émissions pour le site d'Arcelor Schifflange: La Cour administrative donne raison à l'État (26.02.2019)
Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable
L'arrêt de la Cour administrative confirme l´arrêté ministériel du 6 juin 2013 sollicitant la restitution de 80.922 quotas CO2 délivrée gratuitement en 2012 à ArcelorMittal. L´État avait interjeté appel contre un jugement du Tribunal administratif en la matière et a obtenu gain de cause le 26 février 2019. La Cour administrative rejette les arguments d´ArcelorMittal et confirme en dernière instance la décision du 31 juillet 2013 du gouvernement.
Cette affaire trouve son origine en 2011: À compter de la fin de l'année 2011, ArcelorMittal a décidé de fermer son aciérie de Schifflange pour une durée indéterminée. Cette décision n'a cependant été notifiée aux autorités luxembourgeoises que plusieurs mois après, une fois l'allocation des quotas d'émission de gaz à effet de serre pour 2012 (délivrance gratuite) effectuée.
Après la notification de cessation d´activités, le gouvernement a réclamé la restitution, des quotas reçus indûment par ArcelorMittal. La réglementation luxembourgeoise prévoit en effet que les autorités peuvent réclamer la restitution totale ou partielle des quotas non utilisés lorsqu'une cessation totale ou partielle de l'exploitation d'une installation leur est notifiée (cette notification devant s'effectuer immédiatement).
ArcelorMittal a contesté cette décision en justice en considérant qu'une telle restitution sans indemnité correspondrait, par ses effets, à une expropriation illégale. Sur le marché international des émissions de gaz à effet de serre, ce surplus représentait un gain d'une certaine valeur pour ArcelorMittal. La Cour constitutionnelle et la Cour de justice de l´Union européenne ont répondu négativement à ces accusations d´expropriation dans le cadre de questions préjudicielles.
Suite à l'arrêt de la Cour, la ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable a formellement demandé à l'entreprise de se conformer à l´arrêt et de lui restituer les quotas perçus indûment par Arcelor.
Une fois restitués, les quotas seront détruits afin de ne pas falsifier le marché.