
Et wär net erwisen, dass den Armand Clesse d'Wuert „Barbar“ aus Béiswëllegkeet oder mat der Absicht gebraucht hätt, fir der Éier vu Jeeër ze schueden, a well den Zweiwel fir den Ugeklote spille muss, wär hie vum Virworf vun der Injure fräizespriechen. Sou steet et am Urteel vun en Dënschdeg vun der Cour d'appel an der Stad zum juristeschen Nospill vun eiser Emissioun „Background“ vum Februar zejoert iwwert d'Juegd. D'Urteel an zweeter Instanz läit eis an der Tëschenzäit vir.
Am Februar war de fréieren Direkter vum "Institut d'études européennes et internationales" jo wéinst der Ausso "D'Jeeër si Barbaren" um Dikrecher Geriicht zu enger Geldstrof vun 100 € an zum symboleschen Euro fir zwee Jeeër condamnéiert ginn. En Dënschde koum et dunn an zweeter Instanz zu sengem Fräisproch. Déi zwee Jeeër, ënnert hinnen de viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun Marc Glesener, haten den Armand Clesse ugesicht wéinst sengen Aussoen an der Emissioun „Background“ vu virun 20 Méint.
D'Appellsriichter hu sech donieft nach inkompetent erkläert, fir iwwer Schuedenersatz fir déi zwee Jeeër ze befannen, déi och fir d'Frae vun den zwou Instanze mussen opkommen.
No Aussoen op RTL: Den Armand Clesse um Appellsgeriicht fräigesprach