Eng Korrespondenz vum Philip CrowtherArméi zefridde mat Evakuéierungsmissioun

RTL Lëtzebuerg
Aktuell sinn nach Lëtzebuerger Vertrieder zu Islamabad. Dorënner och en Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi.
Eng Korrespondenz vum Philip Crowther
Aktuell sinn nach Lëtzebuerger Vertrieder zu Islamabad. Dorënner och en Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi.

Véier Leit, déi Lëtzebuerg nach wollt aus Kabul evakuéieren an hei op Islamabad bréngen, hunn et net op de leschte Fliger gepackt. Si gehéieren zu deene 15, déi fir humanitär Zwecker mat engem Lien zu Lëtzebuerg geschafft haten, an déi dem Ausseministère besonnesch wichteg waren. Trotzdeem ass d’Arméi zefridde mat der Evakuéierungsmissioun, déi vun der Belsch hei gefouert gouf. Mä wéi déi véier Leit elo aus Kabul erauskomme sollen, dat konnt och de Representant vun der Arméi Lieutenant Colonel Georges Eiden net soen.

"Jo dat ass eng gutt Fro, well Fakt ass deen, datt déi alliéiert Loftbréck haut [Donneschdeg] zougaangen ass. Well d’Amerikaner de 27. wëllen eleng hir Leit aus dem Flughafen eraushuelen. Wat dono geschitt, dat kann ech iech net genee soen. Do lafen déi diplomatesch Kanäl waarm. Et gëtt och geschwat, datt probéiert soll ginn, iwwert de Landwee Leit iwwert d’Grenz ze kréien. Mä wéi dat soll geschéien, kann ech iech mam beschte Wëllen net soen."
 
Och Lëtzebuerger Piloten hu gehollef, déi Evakuéiert vu Kabul erauszebréngen, hei op Islamabad an dann an Europa ze fléien. Hei am Pakistan gi keng Refugiéen opgeholl an d’Grenze bleiwen och zou. Et gëtt elo gefaart, datt et zu engem Flüchtlingsstroum Richtung Pakistan komme kéint, esou bal et mat den Evakuéierungsflich komplett eriwwer ass.

Back to Top
CIM LOGO