
En Dënschdeg koum et zu Iechternach an der Dikrecher Strooss kuerz no 18 Auer zu engem Iwwerfall op eng Tankstell. D’Personal gouf mat engem Messer menacéiert an opgefuerdert, d’Boergeld aus der Kees auszehännegen. Duerno huet sech den Täter a Richtung Bollenduerf aus dem Stëbs gemaach. Éischten Informatiounen no soll hien donkel Aen hunn an tëscht 20 an 30 Joer al sinn. Hien ass ongeféier 1,80 Meter grouss an hat e schwaarze Schal un, mat deem hie säi Gesiicht bedeckt huet. Seng Kleedung war och donkel.
Et gouf kee beim Iwwerfall blesséiert, sou d’Police.
D’Awunner am Raum Iechternach a Bollenduerf si gebieden, keng friem Persoun mam Auto matzehuelen a verdächteg Leit direkt beim 113 ze mellen.