PoliceAsaz mat Helikopter an Alkoholkrontrollen

RTL Lëtzebuerg
Am Bësch tëschent dem Briddel a Steesel koum et e Freideg den Owend spéit zu engem Policeasaz mat Helikopter a Policehond.
© Lucien Koneczny

Wéi et de Samschdeg de Mëtten heescht, wier enger Patrull e verdächtegt Gefier mat belsche Placken opgefall. D’Beamte wieren dem Auto nogefuer, deen dunn tëschent dem Briddel a Steesel accidentéiert wier. D’Leit am Auto wieren zu Fouss fortgelaf. 3 Persoune wieren du mam Helikopter a mam Mupp fonnt ginn. Wéi sech erausgestallt hätt, wier de Chauffer mannerjäreg gewiescht. Den Auto war net verséchert oder ugemellt a gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg goufen iwwerdeems 872 Automobiliste bei vum Parquet ordonéierten Alkoholkontrollen ugehalen, esou d’Police, am Zentrum an Oste vum Land. An 28 Fäll war den Text positiv, 4 Mol war de Permis fort. 2 Gefierer haten iwwerdeems kee gültege Contrôle technique.

Da kruten och 4 Chaufferen e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen hire Führerschäin ofgeholl, well se ze vill Alkohol konsuméiert haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn, dat zu Hamm, an der Stad an zu Esch.

Back to Top
CIM LOGO