Bis 2021 sollten 225 Kilometer nei Vëlosweeër entstoen. Net grad 4 Joer méi spéit hu mer de Responsabelen vun der Vëlos-Initiative d’Fro gestallt: ass Lëtzebuerg um Wee, e Vëlosland ze ginn?
E Bléck op de Bilan vum leschte Joer: 2018 goufen 19,1 Kilometer u Vëlospiste gebaut, 18,3 Kilometer waren am Bau a 77 Kilometer a Planung. Fir wieder 221 Kilometer waren Etüden am Gaangen.
Op der Pressekonferenz vun Oktober 2015, mam deemolegen Transportminister François Bausch, gouf ënner anerem dat Stéck Vëlospiste laanscht d’Eisebunn thematiséiert, dat iwwert en Terrain vun Arcelor-Mittal féiert. De Philippe Herkrath vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiative seet et selwer: Sou bal eng Infrastruktur gebaut muss ginn, wann déi néideg Ëmweltbeweegungen, wann Proprietéitsverhältnisser gekläert musse ginn, .. dann kann et .. ganz laang daueren.
Anescht wier d'Situatioun zu Stroossen, wou d’Leit Enn Mee mobiliséiert hunn, fir eng Vëlosspur duerch de Sens Unique am 'Bechel' ze fuerderen, fir um Schoulwee där geféierlecher Areler Strooss aus dem Wee ze goen. Do misst déi néideg Autorisatioun bannent den nächsten Deeg an der Bréifboîte vun der Gemeng landen.
Datt hei, an enger 30er Zon, keng extra securiséiert Pist entsteet, domat kënnen déi Responsabel vun der LVI liewen. Op gréissere Stroosse mat héijem Verkéiersopkommes ginn awer kloer separat Couloiren revendiquéiert. Engem rezenten, aktualiséierten Gesetzes-Projet no, wieren nach eng 430 Kilometer där Pisten ze bauen.