
Nodeems d'lescht Woch, bannent just zwee Deeg, zwee Doudeger gemellt goufen am nationale Strofvollzuch, mellt sech elo d'Associatioun "eran, eraus ... an-elo" zu Wuert. De Groupement, dee sech fir d'Rechter vu Prisonéier asetzt, wëll op zwee strukturell Problemer vum nationale Strofvollzuch opmierksam maachen.
De Prisong um Uerschterhaff, deen jo reng fir d'Untersuchungshaft virgesinn ass, wier chronesch iwwerfëllt. Hei gëtt d'Justizministesch opgefuerdert, deem net einfach nozekucken.
Detenuen, déi an de CHNP op Ettelbréck kéimen – och dat wier alles wéi net ideal, well de CHNP baulech net op d'Betreiung vun Detenue mat psychiatresche Problemer ausgeriicht wier.
2018 wier mat der Reform vum Strofvollzuch schonns d'Schafe vun enger sozial-psychiatresch-forensescher Unitéit virgesinn gewiescht, mä och 8 Joer dono wier esou eng Ariichtung weiderhin net ugefaange ginn ze bauen. Och do wier d'Politik gefuerdert, fënnt eran-eraus-an-elo, déi och betounen, dass een déi zwee rezent Doudesfäll a béide Strukturen net wéilt instrumentaliséieren, mä et wéilt een eben op strukturell Problemer opmierksam maachen.