No Hate-Speech-VirfallAssociatioune stelle sech hanner d'Drag-Queen-Kënschtlerin Tatta Tom

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Tatta Tom d'lescht Woch Affer vun aggressivem Hate-Speech op de soziale Reseaue ginn ass, drécke weider Associatiounen hire Support aus.
© RTL Archivbild

An engem gemeinsame Communiqué hu sech 10 Organisatiounen hannert d’Tatta Tom gestallt, déi sech am Kampf géint Haass an Diskriminatioun géint d’LGBTIQ+ Communautéit asetzen. Si maachen zesummen den Appell fir eng inklusiv Welt anzetrieden, an där jiddereen seng Plaz huet.

Zanter ronn 5 Joer spillt de President vu Rosa Lëtzebuerg Tom Hecker d’Roll vun der Tatta Tom a kläert Kanner op eng fantasievoll Manéier iwwer d’Thema LGBTQ+ op. Hie liest Geschichte vir, ugepasst un d’Thematik, fir méi Versteesdemech an Toleranz fir Diversitéit ze vermëttelen.

PDF: Schreiwes vun den Associatiounen

Back to Top
CIM LOGO