
D’Asti wäert d’Walbedeelegung vun den auslännesche Wieler zu Lëtzebuerg positiv. Dat, well et an absolutten Zuelen 18.000 Wieler méi sinn, wéi nach 2017, seet de politeschen Direkter vun der Asti, de Sérgio Ferreira, als Reaktioun op d’Publikatioun vun den endgültege Chifferen e Mëttwoch.
“Mä fir d’Asti ass och wichteg ze soen, dass den Effort muss permanent sinn. Dat heescht an eisen Aen, Demokratie a participation citoyenne a politique soll permanent gefuerdert ginn a soll permanent en Thema sinn. Fir eis gëtt et och Zäit fir eng richteg Diskussioun par Rapport vun enger automatescher Aschreiwung vun eisen auslännesche Matbierger.”
Well een awer géing gesinn, dass sech eréischt an deene leschte Méint ëmmer méi Leit registréiert hunn, fuerdert hien, dass den Delai fir d’Aschreiwung an Zukunft méi no bei de Stéchdatum vun der Wal geréckelt gëtt.