Hesper DetournementAudit presentéiert: Et gouf intern Faillen an der Comptabilitéit

RTL Lëtzebuerg
Intern Faillen an der Comptabilitéit. Dës hätten et zwee Beamte vun der Hesper Gemeng einfach gemaach, fir Suen ze detournéieren.
© RTL Archivbild

Zu där Conclusioun kënnt en Audit vu PriceWaterHouseCoopers, wéi den Tageblatt en Dënschdeg schreift.

Iwwer Joren haten zwee Gemengebeamte massiv Sue vun der Gemeng geklaut. Rieds geet vun 3 Milliounen Euro. Ënnert anerem hu Si dofir fiktiv Fournisseuren, respektiv Rechnunge comptabiliséiert.

Dem Audit no huet de Comptabilitéitssystem vun der Gemeng esou Tricken zougelooss. Alarmsignaler vum System hätten einfach kënnen ignoréiert ginn.

Mëttlerweil wier de System duerch nei Kontrollen awer méi sécher ginn.

RTL NEWS: Hu Mataarbechter vun der Hesper Gemeng Suen detournéiert?
RTL NEWS: Auteuren an der Verontreiungsaffär hunn Doten zouginn

Back to Top
CIM LOGO