Iwwerdeems gouf de Conseil d’administration erneiert. Eng Erneierung gouf et awer och beim Numm a bei der visueller Identitéit. D’CLC heescht nämlech vun elo u Luxembourg Confederation.
Den alen Numm hätt de Fokus ze vill op de Commerce geluecht, dobäi representéiert d’Luxembourg Confederation och d’Secteurëe Service an Transport. An dat soll och den neien Numm weisen, e soll inklusiv an zukunftsorientéiert sinn.
D’Presidentin Carole Muller: “Den Numm Confederatioun war eis extrem wichteg, dat ass dat, wat mer sinn. Mer representéiere jo 23 Federatiounen. Den Numm Lëtzebuerg war eis wichteg an do koum et, dass mer soten ‘ok mer maachen et och op Englesch’, fir zukunftsorientéiert ze ginn an doraus ass Luxembourg Confederation of Services, Commerce and Transport ginn.”
Aktuell huet d’Luxembourg Confederation ronn 1.800 Memberen. Am Hibléck op d’Chamberwale kommen dann och verschidde Revendicatiounen zesummen:
“Wat ëmmer erëmkënnt, dat ass den Impakt vum Index op eis Entreprisen, fir ze soen, do wëlle mer méi Previsibilitéit an och villäicht eng Modulatioun, dass mer iergendwéi kucken, dee System ze iwwerschaffen. Den zweete Problem, dat ass d’Mobilitéit, also wéi kann een déi hei am Land verbesseren. An och wéi mer de Logement am Land kënne méi abordabel maachen, fir datt eis Employéen net all Dag musse grouss Distanze fueren.”
Am Hibléck op de Manktem u qualifizéierter Main d’oeuvre, deen een an alle Secteure gesi géing, wënscht een sech, datt geziilt Campagnë lancéiert ginn, fir Leit aus dem Ausland unzespriechen.
Ma och am Beräich vum Commerce missten e Upassunge ginn. Den Direkter Tom Baumert:
“Am Commerce wëlle mer eng Verbesserung vun der Sonndesaarbecht fir d’Entreprisen a fir de Consommateur, do gëtt et um Niveau vum Droit de Travail nach Verbesserungsméiglechkeeten.”
Ganz allgemeng sollt de Code de Travail iwwerschafft ginn, fir datt d’Betriber hir Auerzäite kënnen upassen un hir eege Besoinen an un déi vun de Verbraucher.
Déi verschidde Revendicatioune wieren de Parteie scho matgedeelt ginn, et géing een an engem konstruktiven Echange mat hinne stoen.