
Aus net gekläerte Grënn krut eng Automobilistin op där Streck ee Bam ze paken. Si huet missen aus dem Gefier erausgeschnidde ginn. D'Fra wier liicht blesséiert ginn.
D'Streck war een Ament gespaart ginn.
De Samu vun Ettelbréck, de CIS Wolz, de RTW Wolz an de CIS Wëntger waren op der Plaz.
Zu Fréiseng krute sech um 6.39 Auer an der Robert Schuman-Strooss 2 Autoen ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert.
Tëscht Maacher a Mäertert huet um 10.22 Auer een Auto gebrannt.