
D'Strooss huet misste wéinst dem Tëschefall gespaart ginn, et huet op der Plaz gestaut.
Weider Detailer feele fir den Ament nach.
Tëscht dem Antoniushaff a Lenzweiler krute sech kuerz virun Hallefnuecht zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufe verwonnt.
Um 19.20 Auer gouf et zu Schëffleng an der rue de Hedange e Feier an enger Kichen.
An zu Esch ass en Donneschdeg den Owend an der rue de Belval e Cycliste ugestouss a blesséiert ginn. Dat mellt den 112.