B7 bei SchierenAuto a Camionnette krute sech um Ettelbrécker Contournement ze paken
Géint 21h45 koum et zu engem uergen Accident op der B7. D'Streck um Ettelbrécker Contournement huet missten a béid Richtunge fir 2 Stonne gespaart ginn.
D’Streck war zou tëscht Colmer-Bierg an der Sortie Ettelbréck Zentrum a béid Richtungen. Den Auto, deen aus Richtung Stad koum, war wuel op der Bréck bei Schieren op d’Géigespuer geroden a krut eng Camionnette, déi op der Iwwerhuelspuer entgéint koum, säitlech ze paken. Den Auto ass nom Impakt eng 100 Meter weider stoe bliwwen. Béid Gefier ginn als Totalschued klasséiert. Wéi d’Police schreift, wieren déi zwee Chauffere liicht blesséiert ginn.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.