An der Nuecht op e SamschdegAuto an Trakter kommen zu Konsdref net laanschteneen - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt insgesamt 4 Blesséierter zanter e Freideg de Mëtteg.
© CGDIS-Archiv

E Freideg am Nomëtteg sinn zu Mënsbech an der Rue Henri Tudor zwee Autoen net laanschtenee komm. D’Accident war géint 17 Auer, eng Persoun ass verwonnt ginn.

Zwee Gefierer waren och géint 17.45 Auer an en Accident op der Cloche d’Or verwéckelt. An nach emol kuerz virun 19 Auer op der A3 a Richtung Frankräich. Et gouf all Kéier eng Persoun blesséiert.

An der Nuecht op e Samschdeg si géint 2.10 Auer an der Rue Melicksheck zu Konsdref en Auto an en Trakter net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Géint 14.20 Auer koum et zu Bierchem an der Beetebuerger Strooss zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei deenen zwou Persoune blesséiert goufen. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Réiser.

Am Blummendall an der Route de Diekirch koumen e Moto an en Auto net laanschteneen. Hei gouf eng Persoun dobäi blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Fiels, grad ewéi d’Pompjeeë vu Jonglënster waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO