Vis-à-vis vu GréiwemaacherAuto bei Wellen (D) aus der Musel gebuergen
En Dënschdeg war e Gefier, wat an enger klenger Pente ofgestallt gouf, an d'Musel gerullt. Wéi et schéngt, hat d'Handbrems net gegraff.
En Donneschdeg de Moien dunn hunn déi däitsch Autoritéiten den Auto aus der Musel gebuergen. Ënner anerem waren d'Beruffsdaucher vun den Tréierer Pompjeeën am Asaz. Ronn zwou an eng hallef Stonn huet et gedauert, bis si den Auto lokaliséiert an u Land transportéiert haten.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.