CGDISAuto fält a Chantier, eng Persoun gëtt blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident hënt kuerz no 1 Auer zu Mamer.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Accident kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch, dat an der rue de Reckendal zu Stroossen.

En Automobilist ass duerch eng Ofspärung vun engem Schantje gefuer, a mat sengem Won an en bis zu 4 Meter déiwe Gruef gefall.

De Mann huet vun de Rettungsdéngschter missen aus sengem Auto erausgeholl ginn.

Hien gouf liicht blesséiert. De Mann hat ze vill gedronk.

Back to Top
CIM LOGO