Tëscht Béiwen-Atert a BiissenAuto géint Bam, 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufen am Laf vum Sonndeg Nomëtteg op zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte geruff.
© RTL

Kuerz no 12 Auer war op der N22 tëscht Béiwen-Atert a Biissen en Auto an e Bam gerannt. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun der Nordstad a Béiwen waren op der Plaz.

D’Ekippe vun Housen ware kuerz viru 15 op d’N7 tëscht Housen a Maarnech geruff ginn, nodeems hei e weidere Won accidentéiert war. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO