Streck gespaartAuto géint Bam op der Streck Waarken - Welschent

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg an der Mëttesstonn ass um CR349 tëscht Waarken a Welschent eng Automobilistin mat hirem Gefier an e Bam gerannt a gouf méi uerg blesséiert.
© Domingos Oliveira

An enger Lénkskéier hat d'Automobilistin d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass frontal an e Bam gerannt.

D'Streck huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn. Op der Plaz war ënnert anerem de Samu, grad ewéi och d'Ettelbrécker Pompjeeën.

Back to Top
CIM LOGO