Tunnel GrouftAuto géint Camion, kee Blesséierten, Accident geraumt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 15.45 Auer koum et zu engem Accident am Tunnel Grouft a Richtung Norden. Den Tunnel war doropshi gespaart ginn, ass awer elo nees op.
© Goncalves, RTL Mobile Reporter

Et housch also: spéitstens um Waldhaff erauszefueren, wat séier zu engem Réckstau gefouert hat.

Séier ass deen op 4 Kilometer ugewuess ...

E Camion an en Auto waren am Tunnel net laanschtenee komm.

De Camion war no der Kollisioun séier evakuéiert, fir den Auto ofzeschleefen, huet mussen eng Depanneuse kommen. Aus Sécherheetsgrënn gouf den Tunnel doropshi gespaart.

Blesséiert gouf bei deem Virfall keen.

TRAFIC-INFOEN op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO