
Ënnert anerem de Rettungshelikopter war am Asaz.

Et war géint 18.15 Auer, wéi aus bis ewell ongekläerter Ursaach e Motorradschauffer mat zwee Autoe kollidéiert ass. Éischten Informatiounen no gouf de Motocyclist uerg blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. Eng weider Persoun aus engem vun den Autoe gouf och verwonnt.
D’Streck war gespaart, fir dass d’Police technique d’Ëmstänn vum Accident kläre konnt.