Mompech-MäertertAuto kollidéiert mat anerem Won an iwwerschléit sech

RTL Lëtzebuerg
Bei deem Accident um Donneschdeg den Owend gouf eng Automobilistin blesséiert. Deen anere Chauffer koum mat liichte Blessen dervun.
© Centre d'Incendie et de Secours Grevenmacher-Mertert

En Donneschdeg kuerz virun 19 Auer gouf den Asazzenter Maacher-Mäertert op en Accident op der Streck vu Mompech op Mäertert geruff.

Eng Automobilistin, déi vu Mompech koum, hat an der Rietskéier virun den Transformatoren d'Kontroll iwwer hire Won verluer a war an eng Jeep gerëtscht, déi hir entgéintkoum.

Duerch de Schock vun der Kollisioun huet sech den Auto iwwerschloen, en ass um Daach nieft der Strooss leie bliwwen. D'Jeep huet sech just eemol ëm sech selwer gedréit gehat.

D'Fra um Steier vum klengen Auto gouf blesséiert a koum an d'Spidol, de Chauffer aus der Jeep gouf liicht verwonnt.

De Schued u béide Gefierer ass héich.

Op der Plaze war den Asazzenter Maacher-Mäertert mat 14 Leit a 4 Gefierer.

Back to Top
CIM LOGO