MiedernachAuto kritt Container-Dier ze paken, Aarbechter gëtt erfaasst an déidlech getraff

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.00 Auer koum et zu Miedernach an der Rue de Larochette zu engem Accident, bei deem eng Persoun déidlech blesséiert ginn ass.
© Domingos Oliveira

Beim Ausluede vun engem Bagger vun engem Container, ass d’Dier vun dësem op déi aner Stroossesäit opgeschloen, zu deem Ament, wéi en Auto koum. D’Automobilistin krut net méi mat Zäite gebremst a si krut d’Dier ze paken, déi duerch den Impakt nees zougeschloen ass. Dobäi huet d’Dier en Aarbechter, e Mann vu 45 Joer aus dem Süde vum Land, getraff.

De Mann gouf dobäi schwéier blesséiert. D’Rettungsekippen, déi alarméiert goufen, hunn zesumme mam Samusdokter nach op der Plaz de Mann versuergt, éier hie mam Helikopter an d’Spidol bruecht gouf. Hei ass hie kuerz drop u senge Blessure gestuerwen.

D’Automobilistin stoung ënner Schock a gouf vum psychologeschen Déngscht vum CGDIS betreit. Och si koum fir eng Betreiung an d’Spidol.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz vum Accident geschéckt an eng Autopsie ordonéiert. Och d’ITM gouf informéiert. D’Streck huet misste wärend dem Asaz gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO