Accident zu MamerAuto op der Kopp an der Kielener Strooss
En Donneschdeg de Moien ass an der Rue de Kehlen e jonken Automobilist mat sengem Auto an e geparkte Won gerannt an doropshin um Daach gelant.
Verëffentlecht: 23.09.21 08:22, Update: 10.12.25 13:55
De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol. D'Streck huet musse wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.