
Hätt dir jeemools geduecht, eng Kéier un engem Kichelchen ze knabberen, deen u sech komplett aus Plastiksoffäll besteet? Eleng beim Gedanke schuddert ee sech an trotzdeem huet eng Fuerschungsekipp an den USA genee dat realiséiert. Un der Southern Illinois University in Carbondale (SIUC) ass et hinne gelongen, aus Offäll aus Plastik a Planzen iessbar Kichelcher ze maachen. Dat klengt scheiwefërmegt Gebäck gouf ganz passend "µBites" also Microbites gedeeft.
D'Fuerscher hunn deemno Hief esou ëmprogramméiert, dass se Plastik an aner landwirtschaftlech Offäll an iessbar Proteinne mat Aromamoleküllen ëmwandelt. Nach ass hire Kichelchen an de Kannerschung. Hir Aarbecht, déi am Kader vun engem vun der Nasa geleete Projet duerchgeféiert gouf, gouf réischt der American Chemical Society (ACS) presentéiert, déi tëscht dem 23. an dem 27. August organiséiert gouf. Ma elo scho mécht hir Kreatioun d'Ronn an de Medien.
Déi selwer entwéckelt Technologie, déi "oxidative hydrothermal Opléisung", ass eng Revolutioun an der Liewensmëttelindustrie a bitt net just eng effikass Upcycling-Method, ma kéint och d'Iwwerliewen a Katastrophegebidder an op Weltraummissioune mat Mënschen u Bord sécheren. Et hätt ee wëllen aus dem Plastik e wäertvolle Produit entwéckelen, wéi op eemol d'Fro opkoum, wisou dann net e Liewensmëttel maachen? Plastik besteet aus Kuelestoff a Liewensmëttel bestinn aus Kuelestoff. Déi gängegst Plastiksaart ass Polyethylenterephthalat (PET), e Material, dat dacks fir d'Hierstelle vu Gedrénksfläschen aus Plastik benotzt gëtt. Dono hëllefe Mikroben.
D'Produktioun vum Kichelche verleeft a verschidde Schrëtt. Fir d'éischt gëtt de Plastik mat Waasser a Sauerstoff bei héijer Temperatur a groussem Drock zersat bis ganz kleng, kuelestoffräich Moleküll-Brochstécker iwwreg sinn. Dës ginn dono mat der ëmprogramméierter Hief gefiddert. D'Mikroorganismen an der Hief funktionéiere quasi wéi lieweg Mini-Fabricken an dat ass scho laang kee Geheimnis méi. Insulin zum Beispill staamt haut net méi aus Bauchspeicheldrüse vun Déieren, ma gëtt aus extra dofir präparéierter Hief gewonnen. Nom selwechte Muster entstinn elo Kichelcher. D'Hief baut souzesoen d'Plastiksbausteng bestoend aus Proteinnen, Fetter an aneren Närstoffer. Mat enger Portioun Ballaststoffer, Stäerkt an e bëssen Zocker geet den Deeg zum Schluss an den 3D-Drucker.
Och beim Goût gouf näischt dem Zoufall iwwerlooss. Eng Hiefzort zum Beispill suergt fir e Vanillsgoût, eng aner fir Beta-Carotin, dat eise Kierper a Vitaminn A ëmwandelt. U sech soll de Kichelchen nämlech tatsächlech schmaachen an net just fir eng Noutsituatioun geduecht sinn. Ëmweltfrëndlech ass e jo allemol. Bis ewell huet awer nach keen µBites giess, well déi néideg Accorden nach net zur Verfügung stinn, bis et zum Geschmackstest kënnt.
Sou ganz bëlleg sinn d'Kichelcher allerdéngs net. Ee Kilogramm soll ongeféier 60 US-Dollar kaschten. Ma och um Präis wéilt een nach schaffen, dat mat Hëllef vun enger besserer Hief, déi méi grouss Quantitéiten Deeg produzéiert. Bis d'Plastik-Kichelcher tatsächlech an de Regaler vun de Supermarchéë landen, wäert sécher nach eng gutt Zäit vergoen. Bis dohin huet ee sech och vläicht un de Gedanke gewinnt, Plastik z'iessen.