Asaz vun der Air RescueAuto op der Kopp tëscht dem Donkelsser Potto an der Schleef

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.10 Auer e Samschdeg den Owend war et um CR309 zu engem Accident komm, bei deem 3 Persoune blesséiert goufen.

Tëscht dem Donkelsser Potto an der Schleef hat sech en Auto iwwerschloen. Nieft den Ambulanze vu Wolz an aus der Nordstad war hei och den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz.

Kuerz virdrun, um 17.25 Auer war zu Osper an der Haaptstrooss e Motocyclist gefall. D’Secouriste vu Réiden waren op der Plaz.

Eng weider Persoun gouf um 2.15 Auer e Sonndeg de Moie blesséiert. Dat wéi en Auto tëscht Déifferdeng an Zowaasch e Bam ze pake krut. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Secouristen aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO