DiddelengAuto war just nach op der Felg ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht ass zu Diddeleng en Automobilist gemellt ginn, dee mat engem futtisse Pneu ënnerwee war.
© RTL-Archiv

De Pneu war sou futti, dass en esouguer op der Felg gefuer ass. De Chauffer konnt méi spéit vun der Police ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Zu Iechternach war enger Policepatrull dann en Automobilist opgefall, dee ganz lues an am Zickzack ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Am Lokale mellt den 112 zwee Blesséierter de Méindeg de Mëtteg géint 12 Auer bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Dat op der N8 tëscht Sëll a Bruch.

Géint 13.40 Auer ass zu Bidscht en Auto op d'Kopp gaangen. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert.

An der Avenue de la Libération zu Schëffleng ass da géint 16 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert ginn.

A kuerz no 16 Auer sinn zu Esch an der Rue de la Fontaine zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO