Tëscht Réiden a RäichelAutomobilist ass a Bam gerannt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg an der Mëttesstonn gouf et op der N22 tëscht Réiden a Räichel en Accident, woura just een Auto involvéiert war.
© Domingos Oliveira

En Automobilist hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat der Bäifuerersäit an e Bam gerannt. Op Fotoen ass ze gesinn, datt de Motor aus dem Auto erausgerappt gouf, dat wuel duerch de Schock vum Impakt.

Der Police no gouf de Chauffer liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Drogen- an d’Alkoholtester sinn negativ ausgefall.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Réiden an d’Ambulanz vu Rammerech.

Um Freideg de Mëtteg géint 16.30 Auer ass zu Stroossen eng Persoun ugestouss a verwonnt ginn. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Mamer an eng Ambulanz aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO