En Donneschdeg géint 6.20 AuerAutomobilist ass tëscht Hunnebuer a Recken an e Bam gerannt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie fréi ass vum Hunnebuer a Richtung Recken bei Miersch an Automobilist mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Auto gouf doropshin op déi aner Säit vun der Strooss geschleidert.

Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. D’Streck war bis géint 8 Auer op enger Spuer blockéiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Miersch an eng Ambulanz vu Lëntgen.

Um Mëttwoch kuerz virun 20 Auer gouf op der Kräizung vun der Brillstrooss an der Escherstrooss zu Bieles e Motocyclist verletzt. Hie gouf nach op der Plaz behandelt a koum an d’Spidol.

Dann huet d’Police nach wollten zwee Permisen ofhuelen. Dat eng Kéier an der Avenue Victor Hugo an um Boulevard Charles Marx an der Stad. A béide Fäll war Alkohol am Spill. Bei der Situatioun an der Rue Charles Marx konnten d’Beamten allerdéngs kee Permis anzéien, well d’Automobilistin kee Führerschäin hat.

Eng Persoun gouf dann an der Avenue Monterey um Been mat engem Messer blesséiert, dat beim Versuch hier Ketten ze klauen. Den Täter ass a Richtung vum Park fortgelaf, d’Affer koum fir eng Behandlung an d’Spidol. D’Police beschreift den Täter dann esou: Der Angreifer war von kleiner Statur, trug eine schwarze Jacke und eine rote Hose.

Zeienopriff vun der Police

E Mëttwoch kuerz viru 17 Auer gouf am Rond-point um Wandhaff e Cyclist vun enger wäisser Camionnette ugestouss, wouropshin de Chauffer vun der Camionnette sech awer duerch d’Bascht gemaach huet, ouni nom Cyclist ze kucken. De Cyclist ass gefall a gouf liicht blesséiert. D’Police sicht an deem Zesummenhang no eventuellen Aenzeien, grad ewéi nom Chauffer vun der Camionnette.

All d’Informatioune si fir d’Police vu Capellen:

Tel.: +352 244 30 1000
E-Mail: police.capellensteinfort@police.etat.lu

Den 19. Mäerz war da géint 21.50 Auer op der Place Victor Hugo zu Esch en Automobilist an e Gefier gerannt, wat do ofgestallt war. Duerch den Impakt war den ofgestallte Won nach an e weideren Auto gerannt. D’Police sicht elo no Leit, déi eventuell eppes gesinn hunn an Detailer zum Accident kënne ginn.

All d’Informatioune si fir d’Police vun Esch:

Tel.: +352 244 50 1000

E-Mail: police.esch@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO