UseldengAutomobilist beschiedegt Chantier a fiert einfach weider

Kevin Kayser
An der Nuecht op en Donneschdeg war an der Rue de la Gare en Automobilist an e Chantier gerannt an ass dono einfach weider gefuer.

Dat Ganzt ass engem Aarbechter um Donneschdeg de Moien opgefall, deen dann och d'Police alarméiert huet. D'Beamten op der Plaz hunn erausfonnt, datt de Chauffer Richtung Bëschdref geflücht war, wou een dann och d'Gefier an der Strooss "An Uerbech" konnt lokaliséieren. De Besëtzer vum Auto huet d'Dot zouginn. Bei der Kontroll koum nach eraus, datt hie kee Permis hat an e Fuerverbuet géint hien ausgeschwat gouf. Hie gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO