RodangeAutomobilist beschiedegt e puer Autoen a mécht sech duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
An der Lonkescher Strooss zu Rodange huet e Méindegowend en Automobilist e puer Autoe geschréipst, dat wéi e sech duerch den Trafic wollt drécken.

Hien huet den Auto mat franséische Placken du stoe gelooss. 3 Persounen déi am Gefier souzen, hu sech iwwert d’franséisch Grenz duerch d’Bascht gemaach. Eng Enquête leeft, de Won gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO