
Geschitt ass d'Ongléck den 13. August tëscht 13 an 13.30 Auer an der Rue de la Libération. De Chauffer hat e Poubelleswon iwwerholl an dobäi en Aarbechter schwéier um Fouss blesséiert.
Zeie si gebieden, sech bei der Police Käerjeng/Péiteng ze melle via Telefon 244 56 1000 oder Mail op police.bascharagepetange@police.etat.lu.