
D’Lëtzebuerger Police huet de selwechten Auto mat 3 Männer u Bord zu Rodange lokaliséiert. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt et e belschen Haftbefeel géint eng vun de Persounen am Auto gouf. De Mann gouf festgeholl an hien hat e Mëttwoch de Moie Rendez-vous mam Untersuchungsriichter. Bei der Kontroll huet d’Police och festgestallt, datt de Chauffer ënner Afloss vun Alkohol stoung an eng kleng Quantitéit Marihuana bei sech hat.