VitesskontrollAutomobilist fiert mat 175 km/h duerch den Tunnel "Gousselerbierg"

RTL Lëtzebuerg
Op der A7 huet d'Police an der Nuecht op e Méindeg Vitesskontrollen duerchgefouert. 2 Fuerer waren däitlech ze séier ënnerwee.

Am Bulletin vun der Police ass ze liesen, dass eng Persoun mat 165 km/h amplaz 90 km/h ënnerwee war, e weideren Automobilist gouf mat 175km/h erwëscht. Donieft hat ee vun hinnen Alkohol consomméiert. Beim Alkoholtest koum eraus, dass de maximal erlaabten Héchstwäert (>1,2 ‰) iwwerschratt gouf.

A béide Fäll gouf de Permis agezunn, si kruten e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO