
Eng Patrull huet den Auto laanscht d’Strooss op engem Parksträifen entdeckt. Effektiv hat de Chauffer do eng Unhängerkupplung ze pake kritt beim Parken. De Mann war hannert dem Steier agenäipt.
Well d’Beamte sech awer net sécher waren, ob de Mann net awer vläicht vu sech wier oder änlech, hu si d’Dier vum Won opgemaach an de Mann ugeschwat. D’Polizisten hu ganz séier festgestallt, dass et am Auto no Alkohol géing richen an an der Mëttelkonsol stoung nach eng hallef Liter Fläsch Béier. Hie krut doropshin de Permis ewechgeholl.
Abriecher gestallt
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg konnt zu Wolz en Abriecher gepëtzt ginn. De Mann war géint 1.50 Auer an e Bistro an der Rue de la Fontaine agebrach. Hien hat d’Keess mat Gewalt opgerappt a verschidde Saache geklaut.
D’Police huet direkt nom Brigang gesicht, ouni Succès. Mat hëllef vun enger Täterbeschreiwung an de Biller vun enger Iwwerwaachungskamera am Etablissement konnte si d’Persoun kuerz drop an der Groussgaass pëtzen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft. An hien hat e RDV beim Untersuchungsriichter.
En Abriecher vun e Samschdeg op e Sonndeg tëscht 18 an 1.40 Auer och zu Suessem an der Rue d’Esch um Wierk. Do gouf eng Schibefënster hannert dem Haus opgehiewelt, fir an d’Haus eranzekommen. Bannendra gouf alles duerchwullt a Verschiddenes och geklaut.